Unser Kommentar zur ADR-Aussage über die Hochöfen A und B

Alles an d’Lut sprengen!

 

            Virun enger Zeit hunn zwee Hären, an zwar den Alain FRAST, ADR-Pressespriecher an de Nico SCHROEDER, ADR-Conseiller am Suessemer Gemengerot, op DOK-TV, Positioun bezunn zum Erhalen vun den Héichiewen „A“ & „B“ op dem Site Esch-Belval.

            Déi zwee Iewe wiere jo ausser Betrieb, géngen also zu näischt méi dingen, an d’Erhale wier vill ze deier; et sollt een si dofir ofrappen oder nach besser an d’Lut sprengen, sot den Alain Frast. (De genaue Wuertlaut vun der Sendung fand Dir op www.hauts-fourneaux.org vun der Amicale des Hauts-Fourneaux A et B vu Profil-ARBED Esch/Belval)

 

            Mär wëllen deenen zwee Männer fir d’éischt emol dat heite soen:

 

            Wat deenen enge Leit eis vill Lëtzebuerger Schlesser a Buergen, d’Festung vun der Haaptstad oder de MUDAM wäert sinn, dat ass anersäits och ville Leit den allerleschte Lëtzebuerger Héichuewe- Site wäert.

 

            Den Nico SCHROEDER seet zwar, hien géng d’Nostalgie vun deene Leit verstoen, déi un dësem Héichuewesite hänken. Mais mär sinn iwwerhaapt keng Nostalgiker. Mär setzen eis an fir e Stéck Patrimoine vun der Lëtzebuerger Industriekultur a maachen den Nico SCHROEDER dorop opmierksam, dass hien anscheinend net am Bild ass vun der ganz bedeitender Roll, déi eist Land während iwwert 100 Joër  weltwäit an der Sidérugie gespillt huet.

 

            Net duerch den ADR ass Lëtzebuerg an der ganzer Welt bekannt ginn, mais duerch seng formidabel Stolindustrie. Mär wëllen den Hären SCHROEDER a FRAST an hire Spëtzeleit mol un e puer Realitéiten erënneren:

 

            Nach 1953 war an engem Däitschen Stolfachbuch („Stahl und Eisen“) ze liesen: „Luxemburg liegt auf dem Eisen und lebt von dem Eisen“. Em déi nemlëcht Zeit huet all drëtten aktive Lëtzebuerger an der Stolindustrie geschafft!

 

            Am Süde vun eisem Land war déi weltwäit gréissten Héichiewekonzentratioun op esou engem enke Raum: Esou waren 1916 bis zu 45 Iewen hei a Betrieb an och 1962 stoungen nach 30 Stéck ënner Feier; dobäi war nach 1931 Lëtzebuerg de siwentgréisste Stolproduzent op der ganzer Welt!

 

            Et ass also keen Zoufall dass d’Lëtzebuerger Land déi bei wäitem gréisste Stolfabrikatioun pro Awunner opzeweisen hat, an zwar iwwer 20 Tonnen op de Kapp am Joër 1974 – och en absolute Weltrekort!

 

            Vu ville Familljen haten an hunn e puer Generatiounen eng Aarbechtsplaz op de Schmelzen; esou huet oft de Papp, déi sämtlëch Jongen a spéider esouguer d’Enkelkanner do geschafft.

 

            Fir d’Eisen- a Stolindustrie immens wichteg, revolutionär Entwécklungen ewéi de „gueulard sans cloches“ (een dovunner ass nach um Uewe „B“), den „LD-AC“-Procédé fir d’Erblose vu Qualitéitsstol (Stolwierk Belval) an nach aner sinn hei zu Lëtzebuerg gemeet ginn.

 

            Esou wéi et fréier den Däitschen Héichiewen (Uewen 1 bis 6 vun der Adolf-Emil Hütte), duerno den amerikanëschen Typ (Uewen „A“) gouw, esou kann een eisen Uewe „B“ als Lëtzebuerger Héichuewen bezeechnen. Dësen ass nämlech gebaut ginn mat ganz vill Technologie vun der ARBED an anere Lëtzebuerger Firmen.

 

            Bis an d’Mëtt vum 19. Jorhonnert war Lëtzebuerg en aarmt Agrarland. Dausende vu Lëtzebuerger Famillje si fir e bessert Liewen ausgewandert. Mat dem Bau vun deenen éischte grousse Schmelzen ëm 1870 huet desen Trend vun der Emigratioun opgehalen an eng massiv Immigratioun huet ugefaangen. Ouni eis Stolindustrie am Süde vum Land wiere mär haut amplaz vu 500.000 Awunner vläicht nëmmen zu 100.000 oder nach manner!

 

            Dass d’Lëtzebuerger ganz dichteg Sidérurgiste waren a sinn, dat beweisen déi héichwäerteg Walzprodukter, déi hei am Süde gewalzt ginn.

 

            Mär kënnen awer och stolz sinn op dat wat d’Schmelzleit hei fir d’ganzt Land erschafft an ereecht hunn. Si waren nämlech de Motor vum soziale Fortschrëtt a sinn haaptsächlech dodru bedeelegt, datt et eis alleguer hei besser geet ewéi eisen Nopere ronderem wat d’Léin, d’Renten an d’Sozialleeschtunge betrëfft.

 

            Wéinst all dëse Realitéiten an als Erënnerung un déi grandios Stolstory an eisem Land muss de leschte Lëtzebuerger Héichuewen erhale ginn! D‘Lëtzebuerger Stolindustrie huet eisem Land a senge Leit immens vill Positives bruecht.

 

            An dat alles wëllen déi zwee ADR-Politiker an d’Lut sprengen, dem Erdbuedem gläich maachen an a Vergiessenheet gerode loossen! Mär fannen dat einfach irresponsabel vun deenen zwee Leit!

 

De Combel vun der Schäinhellegkeet!

 

            Zënter Mee 2009 gesäit een um Bord vun de Stroossen grouss a kleng Wahlpannoën vun alle Parteien; dobäi huet eis awer een 2,5 op 3,5 Meter grousse Panno vun der ADR fatzeg verwonnert.          Heidrop ass op enger Säit den ADR-Spëtzekandidat an op der anerer Säit gesäit een dräi ADR-Kandidate fir d’Chamberwalen. Des zweet Säit huet als Slogan „Léisungen fir Lëtzebuerg“ an huet als Hannergrond jeweils ee Motiv vun den ARBEDs-Frichen, ewei d’Gichtgasfakel oder den Héichuewen „A“ vu Belval an anerer.

 

            Hei versti mär des Leit net méi! Ewéi kann e verstännege Mënsch eng Industrieinstallatioun, déi geplangt ass erhalen ze ginn, als Publizitéiet benotzen (profitéieren), wann en se nach virun e puer Méint an d’Lut wollt sprengen an dem Erbuedem gläich maachen?

 

Wat soll ee vun esou Leit halen?

 

Wëssen si iwwerhaapt wat se wëllen?

 

Fir eis sinn des Männer net crédibel a si maachen sech virun dem ganze Land lächerlech!

 

                                                 Amicale des Hauts Fourneaux „A“ & „B“vu ProfilARBED Esch/Belval

 

 

P.S.: Op Interventioun vun der Amicale beim ADR-Spëtzekandidat Süden, dem Här Gast Gybérien, sot hien dass hien net am Bild wär vun der Aktioun vun den Hären Schroeder a Frast!

Photos