Neiegoss

DKOLLEKTIV vun Diddeleng maache Goss-Couléën mat hirem selwer gebaute Cubilot, dëst am Kader vun der Fermeture vun den Héichiewen vu virun zwanzeg Joer. Film iwwert d'Cérémonie symbolique. De Film ass réaliséiert vum Fernand RICKAL.

Stellungnahme vom Präsidenten zur Abstimmung Projet de loi 6065 Erhaltung der Hochöfen

No 7 Joer « travaux de stabilisation et de démolition » ass de Projet de loi 6065 endlech gestëmmt ginn; dat gëtt dem Méco an der Amicale Satisfactioun, awer den « Dornröschen-Schlof » vu 24 Joer fir den Uewen « A » an 13 Joer fir den Uewen « B » huet hirer stolener Konstruktioun leider net gutt gedoen. Tatsach ass dass en Héichuewen, deen ausser Betrieb ass, vill méi séier rascht ewéi een den