Kein weiterer Abriss am Hochofen A

D'Amicale vun den Héichiewen "A" & "B" vun ARBED-Belval fuerdert:

 

UM HÉICHUEWEN "A" VU BELVAL DIERF NÄISCHT MEI OFGERAPPT GINN!

 

Aleedung.

Tatsaach ass dass zënter méi wéi 2 Joer an alle Medien ewéi Press, Radio an Televisioun dem ganze Lëtzebuerger Land erzielt gëtt, dass nodeem den 18. Februar 2005 vum Regierungsrot ugehollene Szenario fier den Héichuewensite Belval, den Uewe "B" als Skelett soll stoë bleiwen, den Uewen "A" awer integral erhale gëtt; dobäi wier d'Décisioun op den "A" gefall, well dësen Uewen als komplett révisionnéierten "Reservehéichuewen" de bescht erhaalene wier!

No eise rezente Visiten um Héichuewen "A" huet d'AMICALE leider mat Erschrecken misse feststellen, dass dësen Uewen guer nët méi komplett z'erhaalen ass, well schon eng ganz Partie Anlagen deelweis oder ganz démontéiert sinn!

Aus dësem Gronn ass d'AMICALE zu der Konklusioun komm, dass et elo definitiv Schluss mat dem Ofrappen an Démontéieren op dësem allerleschten Lëtzebuerger Héichuewe muss sinn! Et dierfen op dësem Uewe kéng Schrauw a kee Meter Rouer méi verschrott ginn.

 

Héichuewen "A" 1987


1. Den Highway ass massakréiert ginn.

Den Highway ass eng ganz stabil Strooss déi laanscht d'Héichiewen op enger Héicht vun + 7,4 Meter leeft. Et war daat am Betrieb den eenzegen Accès zu den Iewen fir d'Leit an d'Gefierer (vum Gabelstapler bis zum 100 Tonnen Autokran).

Duerch eng Gaffe ass d'Opfuerramp zum Highway Säit Rockhaal op enger Längt vun ongeféier 5,0 Meter zerstéiert ginn; d'AMICALE reklaméiert dass dës Ramp erëm befuerbar gemeet gëtt an dass den Highway selwer bis op den Uewen "C" stoë bleiwt.

Wat fir eng Léisung huet de Fonds Belval mat der Highwayramp virgesinn?

 

2.Um Uewen "A" feelen 2/3 vun de Wanddüsestäck.

Duerch Düsestäck (= porte-vent) gëtt den 1200°C waarme Wand an den Uewen erageblosen. Just op dem Héichuewen "A", dee komplett erhale soll ginn, feelen 12 vun den 18 waasergekillte Bloosarmaturen aus Koffer, an dat op den Haaptdüsestäck  (= tuyères & tympes principales).

Op jidde Fall maache mir eis lächerlech, wa mer dem Visiteur esou en armséileg équipéierten Uewen wëlle weisen; dat gesäit aus ewéi "mer wëlle gär, mä mer hunn näischt méi fir ze weisen." Mir sinn eis alleguer eens dass den Uewen "A" erem ganz mat Düsestäck équipéiert muss ginn!

 

Wéi wëll de Fonds Belval dës Saach réaliséieren?

 

Aktuell Situatioun vun de Bloosarmaturen um Uewen "A"

3.Déi hydraulesch Uelegzentral ass ausgeraumt.

Op all modernem Héichuewe si bal sämtlech elektresch Motoren duerch hydraulesch aktionnéiert Zylinder a Motoren ersat. Dëss hydraulesch Energie gëtt an Hydraulikpompele produzéiert an a sougenannten Akkumulatore gespäichert (Uelegdrock: 200 bar) a steet um Arbechtsplancher.

An der Zentral vum Uewen "A" sinn déi Hydraulik-Héichdrockpompelen an d'Uelegfilter net méi do! D'Uelegspäicheranlag ass vunenee gerappt an déi eenzel Akkumulatore sinn auserneen geholl ginn!

Dobäi, dat musse mer leider hei soen, steet um Uewen "B" eng 100% intakt, méi grouss, a modern Hydraulikzentral an eng Späicherstatioun, déi verschrott solle ginn!

 

4.Am Verdeelerraum vun der Fuelinjektioun-Anlag feelen 50% vun den Armaturen.

De Fuel extra-lourd (= Schweroel ES) ass en Offallprodukt vun der Benzinsraffinerie. An allen ARBED-Héichiewen gouf dëse Fuel massiv an den ëneschten Deel vum Uewen injektéiert (200-500 Tonnen / 24 Stonnen, je no Uewen) fir esou eng Partie vun dem deiere Kock ze spueren.

Um Uewen "A" sinn d'Armaturen (Ventiller, Schieber) vun dëser ganz interessanter an héich komplexer Anlag schon zu 50% démontéiert!

Dobei musse mer awer leider erëm erfirhiewen dass um Uewen "B" eng ganz modern Fuelinjektiounsanlag steet, déi zu 100% erhalen ass an déi elo programméiert ass fir verschrott ze ginn!

Den Transfert vun engem Deel vun den Armature vun der Fuelanlag vum "B" op déi vum Uewen "A" ass hei erfuerdert!

 

De Fuelverdeelerraum am

Héichuewekeller

 

5.D'Passerellen an d'Killleitunge bei de Wanderhëtzer musse stoe gelooss ginn.

An deenen 3 Wanderhëtzer (= Cowper) ass déi gewalteg Wandmeng déi an den Héichuewen erageblose gëtt, virdrun op 1250°C opgehëtzt ginn. Wéint dësen extremen Temperature waren eng Partie vun deene groussen Ofspärschieber (1,40 Meter Duerchmiesser) intensiv waassergekillt.

Bei de Brennerschieber sinn dës Killleitungen komplett eweggerappt ginn! (firwat schon??)

D'AMICALE fuerdert, dass bei de Warmwandschieber dës Waasserleitunge bestoe bleiwen! Mat e bësse Faarw halen dës déckwandeg Leitungen nach 30 Joër an och nach méi laang. Et kann e net einfach no dem Prinzip verfueren, all Leitung mat manner ewéi 10 Zentimeter Duerchmiesser, radikal eweg ze brennen!

Eng Leitung, déi eppes bäidréit zum prinzipielle Verständnis vun enger Maschinn oder Armatur muss stoe bleiwen, och wa se nëmmen 1 Zentimeter Duerchmiesser huet!

E weidere Nonsens ass, dass de Fonds Belval plangt sämtlech Arbechtsbühnen (= passerelles de service) bei alle Cowperschieber ofzerappen! Mer versti jo, dass den Accès zu de Leederen aus Sécherheetsgrënn muss blockéiert ginn, mä dofier brauch en awer net alles einfach ze liquidéieren an domat de ganze Cachet vun de Cowperen ze ruinéieren!

Mir insistéieren dass dës "passerelles de service" an déi grouss Bühn laanscht déi 3 Cowperen op Niveau + 10,150 Meter bestoe bleiwen!

 

Cowper A2 & A3:

D'Brennerschieber mat

den Arbechtsbühnen an

der grousser Passerelle

op Niveau + 10,150m

 

6.D'Möllerei vum Uewen "A" muss ganz a net nëmmen zu 2/3 erhale ginn!

Et ass onverständlech firwat eng esou wichteg a sophistikéiert Installatioun ewéi d'Möllerei vum Uewen "A", déi vollautomatesch fonktionnéiert huet, onnéidegerweis zu engem Drëttel soll ofgerappt ginn.

D'AMICALE gesäit heizou absolut keng Noutwendegkeet an intervenéiert fier en 100% Erhalen vun der Möllereianlag.

Dobäi kann de gesonde Mënscheverstand schon nëmmen an déi Richtung fir e komplett Erhale vun der Mölleranlag tendéieren!

 

7.Firwat sinn d'Pompelhaus, d'Waasserkiller an d'Kräsigranulatiounen an de "Concours des Architectes" gesat ginn?

Mer brauchen d'Importenz an déi technesch Bedeitung vun dësen Anlagen net méi hervirzehiewen.

Hei gëtt et awer elo den Architekten iwwerlooss fir ze tranchéieren op dës Installatiounen, déi direkt zum Héichuewen "A" gehéieren, einfach ofgerappt ginn oder net!!

Mer fannen et ongeheierlech dass hei mat eisem "Patrimoine Industriel National" esou liichtsënneg ëmgaange gëtt!

Den urbanisteschen Aspekt ass an dëser Affaire fatzeg iwwerdriwwe ginn!!

Dem Kulturminister reprochéiere mer dës eenzegarteg a formidabel wichteg Installatiounen am Concours net an d'Kapitel "Parties du haut fourneau à conserver" gesat ze hunn!

Et stëmmt awer och glat a guer net, dass d'Architekten am Concours d'Architecture "ausdrücklich aufgefordert wurden, für wesentliche Teile der Hochofenanlage wie, Granulieranlage, Pumpenstation mit Wasserkühler usw. Ideen zu Erhaltung zu entwickeln" (Pressecommuniqué vum 26.01.2007) – Hei huet de Fonds Belval awer just grad de contraire gemet! (Brochure vum Concours Säiten 69 a 70)

Dobäi fanne mir et onfair dass eisen Informatiounsdossier iwwert den Héichuewen "A" un d'Adress vun den Architekte vun der Präsidentin vum Concours carrément refuséiert gouf!

Weider reklaméiert d'AMICALE mat allem Nodrock dass all Waasserleitunge vum Killer bis op an ëm den Uewen, déi elo nach do sinn, stoen ze loossen; esou kann een dem Visiteur eng Impressioun vermëttelen mat wat fier engem groussen a komplexen Killwaassernetz en Héichuewen équipéiert war.

 

Pompelhaus Héichiewen "A" & "B":

Eng Partie vun de Pompele Säit "A".

 

8.Firwat gëtt d'Decisioun vum Maschinneraum esou lang verschleeft?

D'AMICALE fuerdert mat aller Vehemenz dass de Maschinneraum integral, tel quel, stoe bleiwt a wëll och guer näischt vun enger sougenannter "Umnutzung" héieren (Pressecommuniqué vum 26. Januar 2007).

Mer spieren och dass mer mat dëser Fuerderung eng immens Ënnerstëtzung vun alle Säiten hunn an d'Leit gin eis Recht mat eiser Behaaptung: "En Héichuewen ouni Maschinneraum ass keen Héichuewe méi!!".

Et versteet och keen, firwat dëse Maschinnesall mutwëllegerweis aus urbanistesche Grënn soll sakrifiéiert ginn! Och mat urbanisteschen Argumenter dier de "Patrimoine Industriel National" net futti gemeet ginn.

D'AMICALE verlaangt nach eng Kéier dass elo esou schnell wéi méiglech an dëser Saach eng positif Décisioun fält.

Mer erënneren och un d'Erhalen vun de Skipen, de Seelpoulien, de Bleeder, dem hydraulesche Steierschaaf an dem komplette Gueulard, esou wéi dat vum Kulturminister an der Entrevue vum 11. Oktober 2006 zougesoot gouw.        

 

Maschinneraum "A": Den Treuil vun de Skipen an den Zylinder vun der klénger Cloche

 

9. Stëchlach – Stoppkanoun muss an engem Atelier kompletéiert, gebotzt an ugestrach ginn fir se dann erem op hiere Support ze monteieren.

An der Hydraulikstatioun vun der Stoppmaschinn feele leider schon erëm eng Partie Armaturen (Späicher, Ventiller, Manometer…)

Um Uewen "B" steet eng genau identesch hydraulesch Statioun an zwar nach 100%teg intakt!

Stëchlach-Bourmaschinn an de Steierstand sinn nach quasi komplett erhalten; eventuell fehlend Stécker sinn um "B" ze rekuperéieren.

Déi 3 Schlake-Stoppkanounen sinn nach un hirem Kader montéiert.

Déi pneumatesch Steierleitung vun der Bourmaschinn an de Schlakestopper musse stoe bleiwen, fir dass e Fonctionnement vun dëse Maschinnen zur Demonstatioun um Uewe méiglech ass.

 

Déi pneumatësch

Stëchlach-Bourmaschinn vum "A"

 

Den hydaulesche Groupe vun der

Stëchlach-Stopmaschinn "A"

 

10. Dei 2 Gosskipprigollen sinn erëm anzebauen an d'Handcommande ass ze montéieren.

Dat selwecht gëllt fier d'Schlakekipprigoll.

 

11. D'Torpedoposch, déi 2 Gossposchen an déi 2 Schlakenhumpen gehéieren op hir richteg Plaatz.

De Minister Biltgen huet eis bei der éischter Entrevue am Ministère versprach, des authentesch Zeien vum Goss- a Schlakentransport ze erhalten ("daat dierft kee Problem sinn, do gi mer eens").

Mer erënneren drun dass et déi lescht Torpedo- a Gossposchen sinn déi mir hei a Lëtzebuerg hunn!!

Hei der AMICALE hir Propositioun:

-d'Torpedoposch ass hannert d'Géisshal Säit Rockhal opzestellen

-déi 2 Gossposchen gehéieren op hir gewéinlech Plaz, an déi ass ënnert de Gosskipprigolle vum Héichuewen "A"

-déi 2 Schlakenhumpen sinn a d'Schlackelach ënnert d'Schlakekulangen ze setzen.

 

Eng Torpedoposch vun 125 Tonnen

 

12. De mat Zille gebaute Cowperkamäin um Uewen "A" muss geschwë kontrolléiert ginn.

Mer fäerten wann dëse Kamäin net esou bal ewéi méiglech refectionnéiert gëtt, da kann en och an d'Rubrik "parties à déposer" klasséiert ginn!

Wat huet de Fonds Belval virgesinn fir de Kamäin ze sanéieren?

 

13. Den Downcomer um Uewen "A" ass en onséchert Leitungsstéck.

Den décke schiefe Gasrouer vum Héichuewen op de Stëpssack (= Downcomer ? 3,0 Meter Durchmiesser), war am Betrieb vum Uewen ageknéckt a gouf dorophin gefléckt an zur Sécherhet ënnerstäipt.

De Fonds Belval wir gudd beroden eng méi explizit Dëcktemiessung vun dësem Stolrouer réaliseiren ze loossen. Mir maachen hei opmierksam op den Downcomer vum Uewen "B"; dee war 1992 deermoossen banne verschlass, dass en huet missen ersat ginn!

Waat gëtt sécherhetshalber an dëser ganz wichteger Affaire

ënnerholl?

 

De Kamäin ass an engem schlechten Zoustand!

 

14. D'Géisshal vum "A" muss komplett stoe bleiwen.

Fir de neien CNCI opzeriten, dierf dës formidabel, eenzegarteg Hal net deelweis futti gemaach ginn.

 

Dës Hal soll als authenteschen Zeien net touchéiert ginn.

 

An de fräien Alentoure vum Uewen "B" bidde sech masseg Plaze fir de Bau vun dem CNCI un!

 

15. Déi ganz ëmstridde Situatioun no der "Demande d'autorisation" fir d'Ofrappen op Belval.

E vun eise grousse Bedenken ass, an dobäi sti mer net elleng do, wann irgendwéini d'Decisioun geholl gëtt fir eng Anlag ofzerappen, da kann de Fonds Belval, ouni eng nei "demande d'autorisation" unzefroen, direkt mat dem Verschrotten ufänken.

Tatsaach ass nämlech, dass am cahier des charges an op de Pläng, datéiert vum 18.02.2005, déi de Fonds Belval am "Bureau des Géomètres" vun der Escher Gemeng déponéiert huet, déi allermeeschten Anlage fir dären Erhale mer hei plädéieren, an der Kolonn "parties à démonter" ze fanne sinn.

 

Hei stelle mer eis d'Fro, op d'Aktioun Ofrappen hei net scho fir munech Installatioune virprogramméiert ass?

 

D'Konklusioun vun der AMICALE:

 

Vu dass scho vill, an zwar vill ze vill um "A" ofgerappt gouw, fuerdere mer:

Den Héichuewen "A" muss esou bleiwen ewéi en elo ass; ledeglech wat feelt soll wa méiglech erëm agebaut ginn an déi Deeler déi futti oder verrascht sinn, mussen ersat ginn!

Photos