Hochofen "A": Zu erhaltende Installationen (Pressekonferenz vom 26.02.2010)

Nostoënd d’chronologësch Suite vun eise Réuniounen mat dem Kulturministère an dem Fonds Belval :

11. Abrëll 2007
Présentatioun vun eisem Dossier
« Um Héichuewen « A » vu Belval dierf näischt méi ofgerappt ginn»

De Minister Biltgen huet sech hei net festgeluecht an huet op déi nächst Reunioun verwisen;
Hien huet versprach d’Amicale an de Projet vun der Héichuewenterrasse mat anzebannen.
De Minister Biltgen huet awer déi nächst Reunioun réischt 15 Méint méi spéit aberuff trotz e puer Nofroën vun der Amicale!

16. Juli 2008
Reunioun zesummen mat dem Mouvement Ecologique beim Minister F.Biltgen.
Vu dass vun Abrëll 2007 bis Juli 2008 op dem Uewen „A“ villes ofgerappt gouf, ouni dass mär informéiert goufen, froe mär de Minister an de Fonds Belval wat vun deenen 12 Anlagen déi mär den 11. Abrëll 2007 an eisem Dossier zwecks Erhale virgestallt hunn dann elo definitiv erhale ginn.
De President vum Fonds Belval, de Germain Dondelinger, mécht Zougeständnisser: vum Héichuewen „A“ sollen Wanddüsestäck, d’Fuelaspretzanlag, d’komplett Wasserkillung vum Uewen an d’Möllerei erhale bleiwen.

Och d’Equipementer an der Géisshaal an um Arbechtsplancher ginn erhalen, an zwar:
- Stechlach-Stopkanoun
- Stechlach-Bourmaschinn
- Schlaakelach-Stopmaschinnen

22. September 2008
Sëtzung beim Fonds Belval mat uschléissender Begehung vum Héichuewen „A“.
Un dëser Sëtzung huelen d’Ministere François Biltgen a Claude Wiseler esou wéi d’Buergemeeschtere Lydia Mutsch a Georges Engel deel. Bei der Begehung vum Uewen„A“ bestätegt de Minister Biltgen d’Erhale vun de Wanddüsestäck, vun der Fuelanlag a vun der Héichuewekillung. Wat d’Möllerei betrëfft, esou erklärt hien, soll zwar net dei komplett Anlag mä just nach 2/3 vun de Maschinnen erhale ginn. D’Press dierf, angeblech aus Sécherheetsgrënnn net un der Begehung deelhuelen.
Bei der Aweiung vun der Skulptur „Als Erënnerung un d’Leit vun de Schmelzen“ op Belval den 3. Dezember 2008 versprécht de Minister Biltgen bei sënger Ried eng Reunioun mat der Amicale an dem MECO fir Ufank Joer.

19. Februar 2009
An dëser Sëtzung am Skip hu mär den aktuelle Stand vun den Anlage gefrot déi an de Reuniounen vum 16. Juli an 22. September 2008 festgehale goufen fir erhalten ze ginn. Héi konnten de Minister an de Fonds Belval näischt Konkretes zu dësen Anlagen soen an dat ewell éischtens Etuden nach net afgeschloss an zweetens d’finanziell Mëttelen nach net accordéiert wieren. An enger nexter Reunioun am Summer deses Jores (2009) kéinnt de Fonds Belval konkret Aussoen iwert de Stand vun deenen um Héichuewen„A“ nach ze erhalenden Installatiounen maachen.

Vu dass d’Amicale an de MECO keng Invitatioun zu deer versprachener Reunioun kruten hunn déi 2 Associatiounen de 7. Juli 2009 eng Demande und’Ministere Biltgen, Modert a Wiseler adresséiert fir iwwert nostoend Themen informéiert ze ginn:

1. „Mise en valeur“ der gesamten Hochofenanlage
2. Zu erhaltene technische Elemente der Hochöfen „A“ und „B“
3. Möllerei
4. Das „masse noire“ Gebäude
5. Die Kulisse der Hochofenterrasse
6. Die Baudichte auf der Hochofenterrasse
7. Das Phasenprinzip beim Aufbau der Universität
8. Der „highway“
9. Die Schornsteine der Agglomierung

E Joer no eiser leschter Réunioun mat dem Kulturminister an dem Fonds Belval hu mär elo eng Pressekonferenz aberuff.

Et ass nämlech leider eng Tatsach dass am Projet de loi 6065 iwert d’Amenagement vun den Industrieanlagen op den Héichiewen „A“ & „B“ d’Erhaale vu verschiddenen Installatiounen nët esou realiséiert gët ewei eis zënter Joren vum Minister an dem Fonds Belval versprach gouw.

Wat fir eng speziell Bedeitung hunn déi vun der Amicale an dem MECO gefroten erhalenswert Héichuewenelementer?

1. Déi 18 Haptdüsestäck ronderëm d’Rastpanzer vum Héichuewen
Duerch dës feierfest ausgemauert Düsestäck (= porte-vent) gët dee 1200°C warm Gebléissloft mat engem Drock vun 1,5 bi 2 bar an den ënneschten Deel vum Héichuewe geblosen.

Déi op de Belvaler Héichiewen montéiert Porte-vent sinn eng speziell fir heich Wanddréck entwéckelt Ausféierung; si koumen och op dëser Schmelz fir d’éischt zum Asatz.

Prinzip Skiz vun engem Héichuewen Düsestack an Komplett montéierte porte-vent um Uewen

Komplette montéierte Porte-vent um Uewen

 

Um Uewen „A“ feelen elo 12 dëser Haptdüsestäck, et sinn also nëmmen 6 Stéck montéiert.

Aktuell Situatioun vun de Bloosarmaturen um Uewen „A“

Just op eisem, soit-disant integral erhalenem Héichuewen „A“, also deem Héichuewen dee mär de Visiteuren weisen, ass den ënneschten Deel vum Héichuewen a seng Wandandüsung zu 2/3 mutiléiert!

Dëse Passage vun der Héichuewevisite ass op dëser Plaz ass keen „high-light“ mais eng Blamage fir ganz Lëtzebuerg!

Dobäi ass awer nach ze soen, dass um Uewe „B“, dee jo nach als Skelett do steet, a wou kee Mënsch méi hikënnt, nach 20 komplett Wanddüsestäck montéiert sinn. Do muss een sech awer Froe stellen!

Héichuewen „A“ a Betrieb: Wanddüsestäck 13 bis 17/Lénks: d’Stëchlach ass op,   Riets: d’Schlackelach ass op.

2. D’Wasserkill-System vum Héichuewenvu Bühn -1 bis +4
Dem Héichuewe säi feierfest Mauerwierk muss ganz intensiv duerchWaasser gekillt ginn, soss wier et no kuerzer Zeit zerstéiert; dat geschidd um „A“ duerch 504 Killkëschten a 36 „Staves“ am Mauerwierk.
De stolen Panzer selwer gëtt am ieweschten Deel duerch eng extern Berieselung an am ënneschten Deel duerch eng duebelwandeg Kanalkillung virun enger Iwerhëtzung geschützt.

Wéinst der extrem korrosiver Atmosphäre ronderëm den Uewen, gouf op eisen Iewen fir d’Verouërung vun dëse Killelementer de Prinzip „tout inox“ applizéiert, d.h. sämtlech Leitungen an Armaturen waren aus inoxidablem Stol. Dës Realisatioun huet zwar e grousse finanziellen Opwand bedingt, mais et woar déi eenzeg dauerhaft Léisung. De Beweis ass um Uewen„A“ ze gesinn; hei ass de ganze Killsystem no iwer 20 Joër nach 100% intakt, a säin Erhalen erfuerdert minimal Käschten. Dobäi ass de finanzielle Wäert haut mat 8 Milliounen Euro anzesetzen !

D’Amicale an de MECO insistéieren dass déi gemeete Verspriechen agehale ginn d.h. dass dee komplette Killsystem um Uewen „A“ vun de Bühnen – 1 bis + 4 komplett erhale gët esou ewéi de Minister an de Fonds Belval dat fest zougesot hunn. Esouguer en deelweist Ofrappe wir kriminell!

D’Waasserverdeelung op der Héichuewebühn 1

3. Stechlachstopmaschinn, Stechlachbourmaschin a Schlaakelach-Stopmaschinnen
D’Stechlachstopmaschinn get mat hydraulëschem Drock vun 300 bar actionnéiert; et ass eng komplett vum Paul Würth entwéckelt, also eng lëtzebuergesch, Maschinn fir d’Stechlach vun engem Uewen mat héijem Wanddrock erëm zou ze maachen.
D’Entwécklung vun dëser Maschinn ass eng „success story“ fir d’Firma Paul Würth. Dës Maschinne ginn weltweit op all Gréissten vun Héichiewen montéiert.
Mat der Stechlachbourmaschinn, mat pneumatëschem Antrieb, gëtt dat gestopte Stëchlach erëm opgebuert, fir de Goss aus dem Uewen eraus lafen ze loossen. D’Iewen „A“ a „B“ ware mat dësem Typ vu Buermaschinn equipéiert.
Esouwuel Stop- ewéi och Bourmaschinn, ginn wéinst der grousser Gefor virum Stechlach ferngesteiert.
Ouni dës 2 Maschinnen konnt keen Héichuewe bedriwwe ginn; bei der Visite vum Uewen stellen dës 2 Maschinnen an der Géisshaal e weideren „high-light“ duer.
Op dem Aarbëchtsplancher vun dem Héichuewen „A“ stinn och nach déi 3 komplett erhaalen Schlaakelach Stopmaschinnen, si ginn pneumatesch gesteiert an d’Stopkanoun ass waassergekillt. Och dëss Maschinnen waren onentbeerlech fir de Betrieb vum Héichuewen a fir d’Sécherheet vun den Ueweleit.

Déi pneumatësch Stëchlach-Bourmaschinn vum „A“

 

Schlaakelach-Stopmaschinn an zouëner Positioun (Schlaakelach gestoppt)

4. De Verdeelerraum vun der Fuelinjektiounsanlag
Fir den deiere Kok ze spueren gouf op alle Belvaler Héichiewen massiv Fuel extra lourd mat Fuellanzen an d’Wanddüsestäck injizéiert (200 bis 500 Tonnen, je no Uewen!)
Dës Fuelinjektioun an deen 1200 bis 1300 °C waarme Wand woar nët ongeféierlech an huet missen duerch eng ganz Partie Kontrollapparater iwwerwaacht an automatësch gesteiert ginn, an dat fir all eenzel vun deenen 18 Asprëtzlanzen. Durch de know-how vun den ARBED’s Mataarbechter goufen dës Anlagen an hirem Fonctionnement perfektionéiert an op eng am Betrib zouverslässeg an unfallsecher Anlage bruet.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Fuelverdeeleranlag
am Héichuewekeller
vum Heichuewen „A“