Invitatioun fir eis Exkursioun 2012

Visite vun dem Héichuewen U4 op dem frèieren Schmelzesite vun Uckange/Lorraine den 20. Oktober – Nométtes.

Léif Membere vun der Amicale!

D’Amicale des Hauts Fourneaux organiséiert eng Visite vum „Parc du Haut-Fourneau “ zu Uckange

Samsdes, den 20. Oktober 2012

De Programm :

14:00 Auer → Départ am Metzerlach beim Boulodrome (gratis Parking direkt niewent dem Boulodrome)
Visite vum „Parc du Haut-Fourneau“ an dem Héichuewen U4 zu Uckange/Lorraine
19:00 Auer → Retour an d’Metzerlach wou mer am Restaurant „Les Pieds Tanqués“, Chemin Rouge, L-4480 Bieles (hannert dem Boulodrome) zesummen iessen. 2 Menue stinn zur Auswiehl:

Menu 1

Entrée: Salade de scampis
Plat: Bouchée à la Reine
Dessert: Crème Brûlée

Menu 2

Entrée: Salade tomates mozzarella
Plat: Tri de jambons, frites, salade
Dessert: Fromage blanc à la vanille & fruits frais

De Präiss fir d’Iessen ass 25 € pro Persoun, Gedrénks net mat abegraff!

Umelle w.e.g. bis allerspéitstens de 15. Oktober 2012 duerch iwwerweisen op eise compte courant IBAN LU 92 0019 2255 7787 0000 bei der BCEE mam Vermierk „Menu 1“ oder „Menu 2“ fir dass mer kënnen am Restaurant mat Zeite réservéieren.

Déijéineg, déi wëllen un der Exkursioun deelhuelen ouni owes mat iessen ze goen, bezuelen näicht.(mussen sech awer telefonesch umellen beim Roby GALES um 59 34 59, Marcel BOUSCHET 55 20 67 oder beim Dan CAO 691 71 47 64).

Mär wiere frou, wa fir dës éischt Exkursioun, déi mär organiséieren, sech eng gutt Partie vun eise Membere géngen umellen fir esou zesummen en agreablen an interessanten Nomëtteg ze verbréngen.

De Komitee vun der Héichuewen-Amicale Esch/Belval

Photos