Stellungnahme vom Präsidenten zur Abstimmung Projet de loi 6065 Erhaltung der Hochöfen

No 7 Joer « travaux de stabilisation et de démolition » ass de Projet de loi 6065 endlech gestëmmt ginn; dat gëtt dem Méco an der Amicale Satisfactioun, awer den « Dornröschen-Schlof » vu 24 Joer fir den Uewen « A » an 13 Joer fir den Uewen « B » huet hirer stolener Konstruktioun leider net gutt gedoen. Tatsach ass dass en Héichuewen, deen ausser Betrieb ass, vill méi séier rascht ewéi een den ënner Feier steet. Dat gesäit een am beschten durch d’Vue vun der Rock’n Roll-Strooss aus op den Uewen „A“; Hei bitt sech dem Visiteur vun dem Site Belval en desolat Bild! Dat ass och keng gutt Reklam fir de ganze Site.

D’Amicale an de Méco sinn awer mat der Art a Weis wéi den Dossier vum Gesetzesprojet 6065 vum Kulturminister an dem Fonds Belval traitéiert gouf, awer guer net d’accord an dat aus e puer Grënn:

1.Zënter iwwert 1 ½ Joer kontaktéieren déi zwou Associatounen de Nohaltegkeetsminister an d’Kulturministerin fir mat hinnen eng Reunioun ze kréien; et geet hei fir Détail-Informatiounen iwwert verschidden Installatiounen um Uewen „A“ ze kréien, awer och iwwert ganz seriös an interessant Propositioune vun eiser Säit. Awer mir kréien emol keng Äntwert op eis Ufroe fir eng Reunioun. Dobäi kënne mär dës wichteg Detailler och net am Projet de loi 6065, deen den 29. Juni an der Chamber gestëmmt gouf, erëmfannen. Eiser Meenung no goufen dës Detailler absichtlech net explizit erwähnt; esou ka bei der Restauratioun vun den Iewen de Fonds Belval „schalten a walten“ ewéi hie wëll ouni e Mënsch ze froen!

2.Zënter Joeren an och nach eng Kéier Ufank 2010 offréire mir der Kulturministerin an dem Fonds Belval eis bénévol Berodung an Ënnerstëtzung bei deem ganze Projet op der Héichuewenterrasse un. Awer déi pensionnéiert an déi aktiv Schmelzemänner si bei dëser Restauratioun onerwënscht. Déi Responsabel vum Projet ignoréieren einfach de Méco an d’Amicale mat hire ville Memberen.

3.Déi 2 Associatioune weise weider op d’Tatsach hin dass um Belvaler Héichuewesite hätten a kënnten och nach an Zukunft vill Sue gespuert ginn:

-Esou hätten déi eenzegaarteg a ganz originell Industriegebaier missen erhale ginn, am Plaz se ofzerappen an elo erem deier nei Konstruktiounen erëm opzeriichten!

-Dee grousse fréieren Atelier-Vestiaire vun den Héichueweleit, elo als „Pépinière d’entreprise“ geplangt, hätt kënne während der Zäit vun der Restauratioun vun den Iewen, als Ënnerkunft fir d’Leit an d’Material benotzt ginn. Elo ginn erem nei Baucontainer opgeriicht (= Frais de cantonnement; am Devis mat 4 Milliounen Euro virgesinn!). Hei hätte kënnen esou also Milliounen Euro gespuert ginn! Awer leider ass no 3 Joer d’Renovatioun vun dësem Gebai nach ëmmer net fäerdeg!

4.Eng aner, fir all um Héichuewesite interesséiert Leit, ass déi onverständlech Tatsach vun där grousser Baudicht op der Héichuewenterrasse, déi mär heftegst uprangere mussen! De Fonds Belval, am Averständnis mam Escher Schäfferot, huet hei ronderem an tëschent den Héichiewen eng Onnmass nei Gebaier geplangt, déi awer och glat guer näicht mat der Geschicht vun de Belvaler Héichuewen ze doen hunn. Et ass dat eng onverzeilech Verschandelung vun engem eenzegartegen Industriedenkmal!

Dat muss een sech emol eng Kéier virstellen: Elo ginn d’Héichiewe fir 26,75 Milliounen Euro restauréiert an dono gëtt d’Vue

op dës Iewen duerch eng grouss Unzuel vun neien héije Gebaier verbarrikadéiert! Elo gëllt net méi dem Fonds Belval säi Slogan „Le Monument dans la Cité“ mee et muss dann „Le Monument derrière les Barricades“ heeschen.

De Bau vum CNCI ass elo emol op d’Äis geluecht ginn; d’Amicale an de Méco hunn an Zäiten, wou de Steierzueler finanziell méi staark belaascht gëtt, Verständnis dofir; dobäi kann de Visiteur den Héichuewesite och besichen ouni CNCI.

Zum CNCI nach e Virschlag fir d’Zukunft: Wann dat Thema erem eng Kéier aktuell gëtt, da brauche keng nei Gebaier fir zeg Milliounen Euro gebaut ze ginn.(13 Milliounen Euro stungen am Devis vum Fonds Belval); ganz no beim Héichuewen „A“ stinn 2 Industriehalen, déi sech ideal fir d’Ënnerbréngung vum CNCI géngen eegnen.

Zum Schluss nach eng Iwerleeung zu der Dauer vun de Restauratiounsaarbechten.

De President vum Fonds Belval huet virun e puer Méint schon op der Antenne vun RTL-Telévision ganz fest versprach, dass dës Aarbechten 1 ½ bis 2 Joer géngen daueren. Dësen Timing gouf och an der Chambersëtzung vum 29. Juni confirméiert!

Vu dass et duerch dee ganz wäit avancéierte Korrosiounszoustand 5 fir 12 fir d’Erhale vun deenen 2 Héichiewen ass, mussen no der Summervakanz vum Fonds Belval elo „Neel mat Käpp“ gemeet ginn; ewell d’Dépasséiere vun der Restauratiounsdauer mécht dëse Projet nach ëmmer méi deier!Och ass den aktuellen Zoustand vun der Héichuewenterrasse eng ganz schlecht Reklamm fir de ganze Site Belval.

Fir d’Amicale vu den Héichiewen „A&B » vu Profil-ARBED Esch-Belval

1. Juli 2010 a 6.Juli 2010.

Gales Robi

Photos