D’Goss- respektiv d’Stolerschmëlzung op der Belvaler Schmelz vun 1911 bis haut.

Dee nostoende Résumé iwwert d’Goss- an Stolproduktioun op Belval an d’Restauréirung vun der Héichuewenterrass gouf vum Auteur bei 2 Konveniate vun den Ingenieur-Techniker vun der Ecole Technique Lëtzebuerg an de Joeren 2011 an 2012 virgedroen. Et waren dat jeeweils déi 3 Klassen Elektrotechnik – Maschinebau a Bautechnik vun der Ofschlossdiplomsessioun 1959 a 1960. – 2014 ass dese Virtrag aktualiséiert ginn.

An dësem Bäitrag gëtt haaptsächlech d’Gosserschmëlzung am Héichuewe mat uschléissendem Erblosen zu Stol am Thomaskonverter behandelt; vu 1997 un ass jo dann op d’Elektrostolfilière ëmgestallt ginn mat direkter Stolnobehandlung am Poschenuewen; de fäerdege flëssege Stol gëtt dann an der Coulée continue zu Beam-blanks oder Blooms gegoss déi dono zu Stolträger, Palplanchen oder anere Stolprofilen ausgewalzt ginn. Vun deenen 2 leschte Belvaler Walzstroossen, nämlech der Spundwandstrooss 2 an dem TMB (= Train Moyen Belval), gëtt leedëglech op d’ Haaptdaten higewisen.

Am engem leschte Kapitel gëtt d’Erhale vun den Héichiewen A a B kommentéiert .

 

Photos