Feier vun "10 Joer Amicale vun den Héichiewen A&B / Belval" den 18.6.2016

Samstes moies war bei eiser Skulptur "Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen" op der Belvaler Universitéitsplaz déi offiziell Feier. Niewent den Amicaleleit a -frënn hate sech déi komplett Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Belval, eng Delegatioun vum OGBL/Esch, de Projektmanager Luciano Wercollier vum Fonds Belval an d'Sekretärin Tanja Portzenem vun der Fondation du Bassin Minier afonnt.