Invitatioun fir déi 8. St.Eloi-Feier den Donneschden 1.Dezember 2016 um fréieren Belvaler Héichuewesite

De Rassemblement ass niewent der Rockhal an zwar Säit Plaza 1. No dem traditionnelle Cortège mat Fakelen an der uschléissender Néierleeung vu Gerben bei eisem Monument "Als Erënnerung un d'Leit vun de Schmelzen" fannen dono d'Feierlechkeeten, ewéi schon d'lescht Joer, an der "Neier Gossposchenhal" beim Héichuewen "A" statt. Méi Informatiounen sinn op der schrëftlecher Invitatioun ze fannen.

Fotoreportage iwert d'Visite vum Uewen "A" op dem fréiere Belvaler Héichuewesite mat eisen Amicale-Member den 23. Juli 2015.

Am Joer 2015 hat eise Komitee 2 Visiten vun dem restoréierten Héichuewen "A" op Belval fir séng Member organiséiert an dat ënnert der Féierung vun e puer Kollegen aus dem Komitee. Bei der leschter Visite vum 23. Juli huet eise Kolleg de Mackels's René dëse Fotoreportage gemeet; de René ass Komiteesmember vun eiser Héichuewen-Amicale a Member am Komitee vun der Amicale Schëfflenger Kolonien. Hien