Studierees 2015 vun der Amicale an d'Rouergéisserei zu Pont-à-Mousson

De 25. September huet d'Amicale vun den Héichiewen A & B vu ProfilARBED Esch/Belval mat 40 Leit d'Usine Saint- Gobain zu Pont-à-Mousson (=Saint Gobain PAM) besicht. Hei stinn bis zu 2 Héichiewen ënner Feier fir d'Produktioun vu Goss, mat deem uschléissend an enger Zentrifugéieranlag no de Procédé LAVAUD a WET Spray grouss gosse Réier geschleidert ginn.

VIRSTELLUNG VUM GRUPP SAINT-GOBAIN:

De Grupp huet eng laang international Geschicht opzeweisen; dobäi huet alles am Joer 1665 ugefaang mat der Grënnung vun der "Manufacture des glaces et miroirs"; de Grupp St.-Gobain ass haut de "leader mondial" a Léisunge fir d'Energie ze spueren an d' Ëmwelt ze schounen, an dat bei der Konstruktioun am Bau,der Entwécklung vu Materialien, der Distributioun an dem Conditionnement an de Gebaier, den Entwässerungen an ähnlechen Applikatiounen.
Hei e puer Schlësselzuelen:

  • 12 Centres de recherche
  • 101 Entwécklungs-Unitéiten
  • Néierloossungen a 64 Länner
  • 42 Milliarden Euro als Chiffres d'affaire
  • ëm déi 190'000 Salariéen

DE SEKTOR PRODUKTER FIR D'KONSTRUKTIOUN:

Dëse Sektor begräift:

  • Aktivitéite fir d'Isolatioun
  • Gypse o Produkter fir dobaussen, o Kanalisatiounen o Industrielle Mortier o Afspärarmaturen (robinetterie) , an dat alles fir Neibauten oder Renovatiounen.

E puer Zuele vum Sektor Konstruktioun:

  • ëm déi 48'000 Persounen hei beschäftegt
  • a 57 Länner industriell Presenz
  • a 69 Länner kommerziell "
  • iwwer 400 Industriesitten
  • 32 Centres de recherche an Entwécklungs-Unitéiten an 23 Länner
  • all Woch 1 neie Brevet an de leschte 5 Joer

SAINT-GOBAIN PAM:

Dësen Departement huet eppes iwwer 9'000 Beschäftegter weltwäit, 21 Industrie-Unitéiten an 9 Länner an 13 Handelsgesellschaften.
Iwwer 40'000 km Kanalisatioune ginn en moyenne all Joer an 120 Länner geliwwert.
A Frankräich sinn 2'500 Persounen am Aaarbechtseffektiv.

  • 5 Schmelzen an der Lorraine an der Haute Marne
  • 1 Centre de recherche
  • 1500 Breveten
  • 50'000 Referenzen am Katalog
  • iwwer 150 Joer industriell Erfahrung opzeweisen

Réier aus GROGOSS (FONTE GRISE) an aus SPHÄROGOSS (FONTE DUCTILE):
Gosse Réier gi schonn zënter 1664 gemeet; esou huet de Kinnek Louis XIV e Leitungsnetz mat Réier aus Grogoss baue gelooss, dee Waasser vu Marly-s-Seine op Versailles an d'Waaserbuere (les fontaines) bruet huet. Déi Réier sollen 330 Joer a Betrib gewiescht sinn; e recuperéiert Rouersték dovunner ass haut nach virun der PAM-Rezeptioun ze gesinn.- Gosse Réier waren awer ganz empfindlech op Zuchbelaaschtung (effort de traction) an op Stéiss (choques).

  • 1943 ass dann eng ganz wichtg Erfindung gemeet ginn: Durch d'Ajoute vun enger klenger Quantitéit vun dem Liichtmetall Magnesium an de Grogoss kristalliséiert sech de Kuelestoff am Goss net méi zu Lamellen mä zu Kugelen aus Graphit, an dat neit Material, Sphärogoss genannt, huet eng héich Elatizitéitsgrenz an eng grouss Resistenz op Zuchbelaaschtung a Choquen.
  • 1949 ass de Sphärogoss zu Pont-à-Mousson bekannt ginn, awer et huet bis 1960 gedauert bis den industriellen Procédé fir d'Sphärogossfabrikatioun realiséiert gouf; vun do un huet PAM dann och seng Produktioun op Sphärogoss ëmgestallt.
  • Haut mécht PAM Réier bis 2,00 m Duerchmiesser, déi och mat Epoxy, Poliéthyléne, oder Polyuréthane kënnen ëmmantelt gi fir virun Korrosioun a Keelt ze protegéieren.

 

SCHLUSSBEMIERKUNGEN:

  • Bei eiser Visite vun dem Site vu PAM huet d'Hierstellung vun de Réier no de Procédéë LAVAUD a WET Spray net dierfe gefilmt ginn!
  • Am September 2015 stung fir d'Gosserschmëlzung zur Réierfabriktioun nëmmen 1 vun den 2 Héichiewen ënner Feier.
  • Déi gosse Verbindungsstécker (piéces de raccordement) fir d'Réier ginn an engem anere Wierk vu Saint -Gobain hiergestallt; mär wëssen awer net op dës ganz bestëmmt interessant Géisserei ze besichen ass. 

-Fotogalerie vun der Visite an der Géisserei zu Pont-à-Mousson:

Den Auteur vun der Fotogalerie vun der Visite an der PAM-Géisserei ass de Kolleg RENE MACKEL, Komiteesmember vun eiser Héichiewen-Amicale. De René ass och Komiteesmember an der "Amicale vun de Schëfflemger Kolonien a.s.b.l." a Responsablen vun dem Schëfflenger Schmelzemusée "De Schmelzaarbechter".